background background

Jonglënster

Eis Sektioun

Gruppephoto déi gréng Jonglënster

WÉI HUET ALLES UGEFAANGEN

Enn den 80zeger Joren, huet eng Handvoll couragéiert Awunner aus eiser Gemeng sech zesummegesat a hunn eng Biergerinitiativ an d’Liewe geruff di sech zum Ziel gesat hat den Awunner an der Gemeng eng on-parteiesch Informatioun an Opklärung iwwert  d’Machenschaften vun eisem deemolegen Gemengerot ze ginn. Et ass och dorobber hin geschafft ginn, d’Mëssstänn ze ënnersträichen an mat dem néidegen Drock un de Schäfferot weiderzeginn.

Den Ausléiser fir döss Biergerinitiativ war deemools den desolatem Zoustand (Nitratproblem) vun eisem gemengenégenen Drénkwaasser. Desser Bewegung hunn sech Awunner aus der Gemeng, an souguer Membere vum Gemengerot, ugeschloss, an zesummen konnten si mat Erfolleg muenches a Bewegung setzen.

Fir méi Opmierksamkeet an e besseren Dialog mam Gemengerot ze kréien, ass fir d’Wahlen vun 1993 eng Lescht opgestallt ginn. Op Anhieb konnten 25% erreecht an soumat 3 Vertrieder an de Gemengerot geschéckt ginn. Duerch desst gutt Resultat, huet d’CSV direkt Koalitiounsverhandlungen mat der neier Grénger Bewegung vu Jonglënster opgeholl an zu gudder Lescht,  sinn se dunn och nach an de Schäfferot komm. Leider ass no kuerzer Zäit d’Koalitionsofkommes net weider agehalen ginn, esou datt de Vertrag mat der CSV gekennecht ginn ass, an 1995 nei gewielt huet missen ginn. An der Oppositioun hunn dunn déi Gréng vu Jonglënster versicht esouvill wie méiglech mam Fanger ob dat ze weisen wat an eiser Gemeng net esou gelaf ass wéi et sollt.

Als Déi Gréng ass et dunn an d’Wahlen vun 1999 gaangen, an sinn demols mat zwee Vertrieder am Gemengerot vertrueden gewierscht. D’Wahlen 2005 hu mir 15,82% vun den Stëmmen kritt an zwee Vertrieder am Gemengerot. Fir d’Wahlen 2011 si mir mat neiem Mutt an enger deelweis neier Equipe ugetrueden an mat ärer Ënnerstëtzung hu mir 19,57% erreecht an esou weiderhinn mat zwee Vertrieder am Gemengerot.

déi gréng Osten