background background

Jonglënster

Vote vum Budget am Gemengeroot

De Budget 2024 gouf den 19. Januar 2024 fir d’Gemeng Jonglënster gestemmt. Mir si frou dass de Budget 2024 an enger kooperativer Approche erschafft gouf, an awer feelt eis eng kloer Linn bei dem Enseignement déi all de Kanner an Erausfuerderunge gerecht gëtt, eng strukturéiert Kulturapproche an eng Visioun fir eng nohalteg Entwécklung. Mir hunn eis enthalen a wëllen zesummen am Gemengerot fir di kommende Budgets a kollaborativer Form déi Theme weider ervirhiewen.

Separateur

Le vote du budget 2024 était à l’ordre du jour du conseil communal du 19 janvier 2024. Nous apprécions que le budget 2024 a été établi dans une approche collaborative, mais nous déplorons l’absence d’une ligne claire à l’Enseignement qui couvrirait les besoins de tous les enfants, d’une approche de la culture structurée et d’une vision pour le développement durable. Lors du vote, nous avons décidé de nous abstenir et de soulever ces thèmes lors des prochaines élaborations collaboratives des budgets des prochaines années.

Separateur

Die Abstimmung über den Haushalt 2024 stand auf der Tagesordnung der Gemeinderatssitzung vom 19. Januar 2024. Wir begrüßen es, dass der Haushalt 2024 in einem kooperativen Ansatz erstellt wurde, bedauern jedoch das Fehlen einer klaren Linie im Bildungswesen, die die Bedürfnisse aller Kinder abdeckt, eines strukturierten Ansatzes für die Kultur und einer Vision für nachhaltige Entwicklung. Bei der Abstimmung beschlossen wir, uns der Stimme zu enthalten und diese Themen bei der nächsten gemeinschaftlichen Ausarbeitung der Haushalte für die nächsten Jahre anzusprechen.

Separateur

The vote on the 2024 budget was on the agenda for the Local Council meeting on 19 January 2024. We appreciate that the 2024 budget has been drawn up in a collaborative approach, but we deplore the absence of a clear line in Education that would cover the needs of all children, a structured approach to culture and a vision for sustainable development. At the time of the vote, we decided to abstain and to raise these issues during the next collaborative budget preparations for the coming years.

Separateur

Eis Iwwerleeungen zum Budget 2024

Här Buergermeeschter

Léif Kolleegin a Kolleegen aus dem Schäffen- a Gemengerot

Mir, déi gréng, begréissen et datt de Gemengerot an d’Finanzkommissioun am Virfeld vum Vote an d’Budgetsdiskussioun agebonnen goufen a soen dem Buergermeeschter Merci fir seng Äntwerten op eis Ufroen. Mir hoffen deemno datt méi grondsätzlech Debatten zum Bustransport am nächste Gemengerot an iwwer de Volet ORT an Tourismus an Zukunft stattfanne wäerten.

Wéi et am Rapport vun der Finanzkommissioun ganz richteg steet, wär den Apport vu Gemengerot a Kommissioun méi zilgeriicht an effikasse wa mir eng 1.Versioun vum Budget éischter an – wéi mir et gefroot hun – ënner enger anerer Form kréie géifen.

Well: och dat wësse mir schonn säit 3 Joren: de Boni geet kontinuéierlech erof an d’Pro-Kapp-Verscholdung erop. An circa 2 Joer ass do matt engem Desequiliber ze rechnen – dee mir eis als Gemeng net leeschte kënnen.

Et ass deemno grondnéideg datt esou wuel d’Experte aus der Finanzkommissioun wéi de ganze Gemengerot an eng mëttel – a laangfristeg Konzertatiounsdebatte iwwer de Gemengebudget an d’Finanzgestioun agebonnen ginn – net nëmmen um Enn vum Joer, mee reegelméisseg. Am Interessie vun all eise Bierger.

Eis Kritik geet leider an déi selwecht Richtung wéi an de Jore virdrun, respektiv wéi am Ufank vun dëser neier Legislatioun:

Wou sinn déi grouss Linne vun der Politik fir déi nächst 5 Joer? Wou ginn mir d’Suen hin?

Nach ëmmer hunn mir kee sérieuxen 5-Jores-Plang deen eis als Kompass an der Finanzgestioun fir déi nächst Joren dénge kënnt…

Fir eis elementar wichteg Punkte vun der Gemengepolitik fannen sech an dësem Budget net erëm :

Keng Iddien fir eng zäitgeméiss Kulturpolitik,

Wou fanne mir hei d’Energietransitioun erëm ?

Keng Visioun vun enger Politik vun Integratioun an Inklusioun fir all d’Bierger.

Trotz dëser Kritik gesi mir Zeeche vun enger anerer politescher Aarbecht beim Buergermeeschter. Mir, déi gréng, wäerten eis fir de Büdget 2024 enthalen, well do nach vill-ze-vill Work-in-progress an Onkloerheete bestinn.

Mir erwaarden eis ganz kloer Verbesserunge fir an engem hallwe Joer, an engem Joer…um politeschen Niveau an an der Finanzgestioun…

Merci fir Är Opmierksamkeet.