background background

Jonglënster

Merci Michèle

D’Michèle Goedert trëtt ab Januar 2024 aus perséinleche Grënn aus dem Gemengerot aus.

Mir soen dem Michèle villmools Merci fir säi laangjäregen Engagement an eiser Sektioun an am Gemengerot.

D’Michèle gëtt ersat duerch de Ben Haas, den dann ab Januar 2024 zesumme mam Anne Schroeder déi gréng am Gemengerot wäert vertrieden.

De Ben ass spezialiséierte Schoulmeeschter an Dokter an den Erzéiungswëssenschaften. Hien ass Papp vun 3 Kanner a Formateur am Beräich vun der Naturpedagogik an der Inklusioun.