background background

Jonglënster

Budget 2023 vun der Gemeng Jonglënster

Ried vum Anne Schroeder zum Budget 2023 an der Gemengerootssitzung vum 16. Dezember 2022

Här Buergermeeschter

Léiw Kolleeginnen an Kolleegen vum Schäffen- an Gemengerot

Mir, d’Fraktioun Déi Gréng, hunn an den leschten Joren ëmmer erëm op den Risiko vun der politescher “Navigation-à-vue” an der Gemeng Jonglënster vun der CSV-DP-Majoritéit opmierksam gemaach:

dem Risiko deen dovunner ausgeet, datt engersäits keng laangfristeg Visiounen an Konzepter fir d’Entwécklung vun all den Dierwer vun der Gemeng bestinn, an datt anerersäits d’Finanzgestioun säit Joren op engem Copy-Paste-Joresbudget ouni Plan pluriannuel de financement baséiert.

Elo ass dat komm wat net kommen soll: eng Krisesituatioun déi zu enger europäescher Finanz- an Energiekris féiert, an fir eis Gemengefinanzen bedeit datt:

eis Pro-Kapp-Verschëldung zu Joresënn 2023 op bis zu 10900 € eropgeet, also eng Erhéichung vun méi wéi 30 %,

datt elleng den Montant vun den Bankzënsen sech quasi verdraïfacht hued, während den Boni définitif 2023 juste nach een Drëttel vun 2022 bedréiht. Daat geet nët méi laang gudd…

Fir d’Krisesituatioun ass d’CSV-DP net verantwortlech, allerdéngs ass et enorm erstaunlech datt mir nach ëmmer een Copy-Paste-Budget presentéiert kréien, wou just hei an do d’Energiekäschten erhéicht goufen, mee wou der aktueller Situatioun net Rechnung gedroen gët an och keng Léieren doraus gezunn gi.

Am virleschten Gemengerot hunn mir, Déi Gréng, Iech d’Fro gestallt ob mir eis den, an eisen Aen vëlleg iwwerflëssegen, Bau vun engem Parkhaus am historeschen Zentrum vun Jonglënster finanziell leeschten kënnen. D’Analyse vum Budget 2023 gëtt déi kloer Äntwert déi den Schäfferot deemools net wollt gi: mir kennen eis et ganz kloer NET finanziell leeschten grouss Montante an Projeten ze investéieren, vun deenen et just eng vage Anung vun hirer Noutwendegkeet gëtt, DUERNO dann zousätzlech Suen an Etüden ze investéieren fir d’Noutwendegkeet iergendwéi viellaïcht nach ze fannen. Wou kann een Suen spueren? Hei kann een Suen spueren! Sollen déi sëlleg Etüden Konzepter an Visiounen fannen, déi d’Politik selwer net huet?

Dat hei ass den leschten Budget virun den nächsten Gemengwahlen, also däerfen mir zu dësem Moment een Bléck op d’Koalitiounsofkommes vun 2017 werfen an een kriteschen Bilan maachen: mir stellen fest datt an den Ressorts Logement an Infrastrukturen am meeschten ëmgesaat oder op mannst ungestouss gin as, mee datt an deenen aneren Ressorte näischt bis ganz wéineg vun den eegenen Zieler ëmgesat gi ass.

Et geet ni duer just an Steng ze investéieren, mee et muss een och an d’Mënschen an hiert Zesummeliewen an der Gemeng investéieren. Wann een mat den Bierger zesummen schaffen wëll, dann muss een si an hier Meenung och eescht huelen an an eng sérieux Kommunikatioun mat hinnen goen.
Eis Jugend ass an war keen Thema fir des Koalitioun: vun den 4 Punkten am Koalitiounsofkommes ass net een ëmgesat gi! All déi Iddien aus dem Ofkommes betreffend d’Alldagsliewen vun den Senioren, d’Zesummeliewen vun den Generatiounen a Integratioun, wou d’Gemeng selwer hätt missen aktiv gi, si net ëmgesat gi.

Genausou ass am Beräich Kultur net een eenzegen neien Impuls vum Schäfferot an den leschten 6 Joer komm. Vu eegenen Initiative am Naturschutz/Biodiversitéit guer nët ze schwätzen.

Mir stellen fest datt d’CSV-DP-Koalitioun an der ganz grousser Majoritéit hiren eegenen Zielen – an Verspriechen – vun 2017 net nokomm ass.

Mir, Déi Gréng Jonglënster, hu keen Vertrauen datt sech an Zukunft nach eppes änneren wäert an stëmmen domat géint den Budget 2023.

Photos social media : Miquel Carol, Paul Keiffer, @bogdanhoda