background background

Jonglënster

Interventioun zum Budget 2021

Här Buergermeeschter,

Léiw Kolleegen an Kolleeginnen vum Schäffen- an Gemengenroot

Bei der Diskussioun iwwer den Budget 2020 hun mir, Déi Gréng, den Mangel un längerfristeger Waïtsiicht an Kohärenz an den Projeen vun den Majoritéitsparteien, an déi domatt verbonnen Finanzgestioun kritiséiert. An daat kritiséieren mir och des d’Joer.

Als Beispill daat een och elo nach ëmmer unféieren kann, as den – deelweis iwwerdeierten – Kaaf vun verschiddenen Immobilien am Zentrum vun Jonglënster –also d’Heiser Rischette, Beck an Parmentier,  – ouni datt eis jemols een kohärent, urbanistescht Konzept fir den ganzen Zentrum an d’laangfristeg Benotzung vun allen Heiser an Gemengenhand erklärt gin wär.

(Woubaï eis als Oppositioun zumols d’Haus Parmentier wéi een Faas ouni Buedem virkënnt, well och am Büdget 2021 sin erëm 25000 € fir …fir waat eigentlech? am Haus Parmentier viergesinn. )

Am Sënn vun der Waïtssiicht an längerfristeger Finanzplanung as eis am Dezember 2019 een Budget-pluriannuel fir Februar 2020 an Aussiicht gestallt gin…deen bis haut nie unkomm as, an wou mir eis froen ob ët deen iwwerhaapt unsaatzweis gët.

Nach wie vor sin mir iwwerzeecht datt een an esou enger grousser Gemeng wéi Jonglënster, matt ëmmer méi héichen Awunnerzuehlen, nët ouni laangfristeg an kohärent Planung an politesch Visiounen geet.

Op ze villen Punkten geréiert den Schäffenrot des mëttlerweil grouss Gemeng, wéi virun Joerzengten:

zum Beispill am Beraïch vun der Kultur – wou ët carrément guer keng Impulser vun der Majoritéit gët

oder beim Personalmanagement, wou vill Leit angestallt gin – ouni datt och nëmmen d’Memberen vum Gemengeroot verstinn wien an der Gemeng fir waat zoustänneg ass an ouni een aktualiséierten Organigramme matt den Tâchen an Responsabilitéiten.

Den Budget 2021 as an groussen Deelen een Copy-Paste vum Büdget 2020 – matt den doraus entstohenden Fehler an Onkohärenzen:

Sou gin zum Beispill “méi kleng” Conventiounen, matt scheinbar guddem Zweck, matt externen Firmen, asblen an Instituten…vun Kéier zu Kéier verlängert an weider finanzéiert,ouni datt een Bilan vun den Resultaten, dem Gemengeroot – ouni Nofro – präsentéiert gët, respektiv datt den Sënn an den Zweck vum Projee hannerfroot gët.

(Als Beispill d’Conventioun e-commerce vun 2017 aus desem Büdget)

Ausserdeem: Politesch gesinn hued den Gemengebüdget nëmmen begrenzt eng Aussookraaft, well ët zur Gewunnhecht gin as, iwwerall Enveloppes budgétaires fir Imprévus am Büdget ze verstoppen. Domatt wëssen mir awer och nët wou d’Rees matt den Suen vun eisen Bierger hingeet…

Gewunnechten, zumols schlecht oder veraltert Gewunnechten, sin keng Fatalitéit, mee kënnen geännert gin. Daat souwuehl an der Gestioun vun enger Gemeng, déi wiist, wéi zum Beispill och am Sënn vun der Urgence climatique…

No längeren Diskussiounen innerhalb vun eiser Fraktioun Déi Gréng hun mir decidéiert den Büdget 2021 nët mattzedroen, mee eis dest d’Joer bei desem Vote ze enthaalen:

Dest wëllen mir als een Zeechen vun gudde Wëllen an der Hoffnung verstaanen wëssen, datt:

  • D’Majoritéit sech an Zukunft esou behärzt an energesch fir den Natur- an Klimaschutz asetzt, wéi den Schäffen Ries daat bei der öffentlecher Diskussioun vun equiclic d’läscht Woch zum Ausdrock bruecht hued.
  • Datt deen zaghaften Unfank vun enger besserer Kommunikatioun an Zesummenaarbecht matt den Gemengenréid aus der Oppositioun konsequent an, vun eiser Saït aus, gären konstruktiv weidergeet…
  • An läschtendlech datt d’Entwëcklung vun der sanitärer an wirtschaftlecher Kries fir d’Joer 2022 erëm een Gemengen-Büdget erlaabt, deen nët nëmmen kurzfristeg “naviguation à vue” as…

On vous attend au tournant !